top of page

Geschicht>Historique

Geschicht vun der Bieleser Musek

D’Bieleser Musek ASBL : 1892 bis 2008

 

Den Ufank

Am Jo’er 1892, wei Bieles 80 Haiser gezielt huet, dovunner 22 Wirtschaften, an 944 Awunner, hun e puer jonk Männer, haptsächlech Schmelz- a Grouwenarbechter, zesummen mam Jos Clemang, dem 1. Dirigent an dem Jean Grethen als 1. Präsident, d’Fanfare vu Bieles gegrënd am 1. Lokal bei « Henge Misch », dem heitegen Veräinshaus.

Mat engem Beitrag vun 2 Taler de Mount pro Musekant haten sie et färdeg bruet, op Kredit, bis ufanks 1893 deene puer eischte Musikanten en Instrument ze besuergen. Dat ganzt Duerf war Feier a Flam an huet d’Musekanten, dei eifreg geprouwt hun a bei all Kaatz, dei geschleewt gouw, derbäi waren, kräfteg ënnerstëtzt. 1895 gouw zu Arel wahrscheinlech den 1. Auslandsconcert gespillt an am Jo’er 1900 gouw d’Musek zu Miersch op hirem 1. Concours mat engem 1. Präis an der Divisioun III belount. 1908 waren 30 Musekanten ageschriwwen an dat war och d’Jo’er vum 1. Fändel, dee vum Här Thiltges vun Eilereng gestëft gouw.

1911 noteiere mär eng Bedeelegung um internationale Concours zu Méziers- Charleville an 1912 zu Déifferdang. Nom 1. Weltkrich, während deem net vill Aktiviteit meiglech war, huet d’Fanfare 1920 en 1. Präis op dem internationale Concours zu Letzebuerg erspillt.

 

Wat huet et da kascht ?

Ab 1921 hun dei Aktiv 1 Frang Beitrag bezuelt an dei Inaktiv 10 Frang. Den Dirigent krut 125 Frang de Mount an de Sall huet 150 Frang d’Jo’er Loyer kascht. Den Entree fir een Theaterstëck huet 5 Frang fir dei Erwuessen an en halwe Frang fir d’Kanner kascht. E puer nei Instrumenter goufen dat Jo’er bestallt : Castagnetten, en Tambourin an e Schëllekranz bei Ackermann und Lesser zu Dresden, 2 Bügelen à 386 Frang, 1 Trombone à 366 Frang an 1 Trompette à 440 Frang bei Mahillon zu Breissel.

1924 war ee Concours zu Fontainebleau. Ab 1925 as et während e puer Jo’er finanziell mei schlecht gang. D’Gemeng huet esou guer ee Jo’er dem Dirigent säi Gehalt misse bezuelen.

1926 war ee Concours zu Vilvorde, 1928 zu Letzebuerg an den 12.Juni 1932 krut d’Fanfare vu Bieles 2 eischt Präisser an der II. Divisioun um Concours zu Esch. Sie huet 52 Musikante gezielt obschon der zwëschenzäitlech eng Ker 17 mateneen ausgetruede waren. An deem Jo’er goufen och dei 1. Keier Verdingschtmedaillen vum Adolpheverband iwerreecht, ënner aneren eng gëllen fir 40 Jo’er un den Joseph Feltz, ee Mann vun der 1. Stonn.

1933 gouw et op engem internationale Concours zu Nanzeg an der 1. Divisioun 2 eischt Präisser an en Dirigentepräiss an datselwecht Resultat gouw et 3 Jo’er mei speit zu Esch wou ganz d’Musek mam Tram higefuer as. 1937 war en turbulent Jo’er wou en neien Dirigent huet misse fond gin. 1939 si 7 Klarinetten ugeschaft gin fir aus der Fanfare eng Harmonie ze machen an d’Musikanten hun eng Kap am Wert vu 40 Frang aus der eegener Täsch finanzeiert fir « uniform « opzetrieden.

 

De Krich : eng schlëmm Zäit

No der flotter 100-jähreger Onofhängegkeetsfeier de 16. Juli 1939 koumen dei manner flott Jo’eren vum Krich, wou d’Ennerdrëckung duerch Preisen och an der Bieleser Musek Tromp war an 24 Instrumenter an aner Material, geklaut a vill Instrumenter beschiedegt goufen. Mat vill Fangerspëtzegefill huet de Präsident Nic Karpen des Period, an deier och de Fändel verschleeft gouw, gemeeschtert. Duerno huet d’Musek sech « Société de Musique Belvaux » genannt. 1946 huet d’Generalversammlung erëm normal Verhältnesser geschaaf an eng bescheiden Feier an d’A gefaast fir de Cinquantenaire, deen 1942 duerch de Krich huet missten ausfalen, awer nach nodreiglech ze bego’en. Bei deier Gele’enheet huet d’Musek och erëm en neie Fändel kritt. An d’Arbed huet, gratis, 25 eenzel a 25 duebel Noutepulter geliwwert. Während enger Reih Jo’eren gouw am Sall vum Café Bodry geprouwt. Zäitweileg huet d’Gemeng ee Schoulsall zur Verfügung gestallt. Ab 1955 war et am Sall iwert deem aale Pompjeesschapp, direkt hannert der Brëck an der Ënneschtgaas bis 1969 wou d’Musek an d’Pompje’en hiren heitegen Bau an der Stadionstross kruten. 1950 huet de Schneider Freismuth vu Bieles nei Uniformen gemeet fir 600 Frang d’Stëck. Dei 6 klengst Uniformen hu 500 Frang kascht.

 

Den Heichpunkt

1952 as aus der Harmonie erëm eng Fanfare gin an ee Jo’er duerno krut d’Musek den Militärmuseker Ed Heuschling vun Zolwer als Dirigent. Mat him huet d’Bieleser Musek en groussen Opschwong erliewt a gouw eng vun deene beschten Fanfaren am Land. Si hat 1956 zu Esch an 1958 zu Dikkerech excellent Concoursresultater opzeweisen an huet generell duerch eng grouss Präsenz am Duerfliewen vill Ennerstetzung an der Awunnerschaft genoss. Eng Reih Musikanten aus dem Veräin hun an deene Jo’eren op de Baler zu Bieles regelmässeg d’Danzmusek gespillt. 1959 gouw mat 2 Jo’er Verspeidung de 65. grouss gefeiert an och en neie Fändel ageweiht.

De 14. Mee 1961 as d’Musek mat 75 Musikanten zu Ettelbrëck um Concours mat 2 eischte Präisser mat « grande Distinction » an d’Division supérieure A opgestiegen.

1963 war mam Opstieg an d’Division Excellence den Heichpunkt erreecht. 1964 koum dei 1. Musikantin an der Geschicht vum Veräin an d’Musek. 1966 hat d’UDGA d’Fanfare vu Bieles als Vertrieder fir Letzebuerg op den Internationale Concours vu Vichy delegeiert. Aus gesondheetleche Grënn huett den « Heuschlings Ed » kurz virdru missen ophalen. Säin Nofolger, de Jean-Pierre Clement, konnt geint eng stark auslännesch Konkurrenz een 2. Präis erspillen. 1967 sin dei 75 Kärzen mat engem Programm mat net manner ewei 21 Concerten iwer 2 Wochen ausgeblose gin. Den Heichpunkt war d’amerikanesch Militärmusek vun der Base vu Wiesbaden.

 

Biergop a biergof

1968 gouw et excellent Resultater zu Dikkerech an 1969 zu Jarny um Concours. D’Grënnung vun enger Jugendkapell huet och 1969 stattfond. 1970 waren 85 Aktiver ageschriwen. No der Demisioun vum Dirigent am selwechte Jo’er goung et nach eng Zäitchen op engem heigen Niveau weider bis 1975 duerch zolidd Onstëmmegkeeten eng Reih Kommiteesmemberen a Musikanten dem Veräin de Rëck gedreint hun.

Zanterhir gouw et « Up and Downs » mat aussergeweinlech villen Dirigentewiesselen zwëschen 1970 an 1992 ( bis haut 31 ! an 116 Jo’er, wann d’Historiker kee vergiess hun) , woubei verschiddener ganz gudd Arbecht geleescht hun an anerer eng manner glëcklech Hand haten. 1979 beim 10. Anniversaire vun der Jugendkapell gouf ee Supporterclub vun der Bieleser Musek gegrënd, deen der Musek elo schon iwer 25 Jo’er eng enorm wertvoll Hëllefsstellung bidd. Eng Reih Musikanten, dei haut professionnel Musiker oder Proffe sin, hun hir Début’en an der Bieleser Musek an de 60’er an an de 70’er Jo’ere gemach. Och eisen heitege Staatsminister, de Jean-Claude Juncker hat, als Bieleser Jong, ugefang Musek ze leieren, mä haut spillt hien eben enzwuesch anescht dei 1. Gei.

E puer grouss musikalesch Momenter an den 80’er Jo’eren waren Austauschconcert’en mat der Polizeimusek vu Linz, mat de Museken vu Chauffailles a Saarlouis.

De 6. Dezember 1986 war een Highlight mam Show-Concert vun der Bieleser Musek um Scheierhaff zesummen mam Startrompettist Walter Scholz. Haapt-netmusekalesch awer langjähreg Organisatiounen vun der Bieleser Musek sin oder waren d’ Äppel- a Viizfest, de Kreemchesbazar an de Bal vum Fuesmeinden, freier de Jummdeckelsbal genannt an dono de Schass-bémol. Am Mee 1993 goufen honnert Jo’er Bieleser Musek gefeiert mat Concerten, Cortègen an engem groussen Zeltfest.

 

Wou sti mär elo ?

Zanter der 100-Jo’erfeier konnt d’Bieleser Musek net mei un d’Erfolleger vum 1. Jo’erhonnert uknäppen, duerch eng Reih intern an extern Emstänn bedingt. Am Moment sin och net mei vill eeler Musikanten do. Den eelste Musikant as de « Schnëdder », de Schneidesch Albert mat 77 Jo’er a mei ewei 60 Jo’er Memberschaft am Veräin. Eng nei Generatioun as awer amgang eropzewuessen ënnert der Direktioun vum Steve Humbert fir d’Bieleser Musek an d’Young Band Bieles (YBB) mat aktuell zesummen ronn 40 Musikanten an 13 Memberen an der Trommlerclique. Dei heiteg Pilier’en sin doderniewt en ärdege Trommlercliqueschef, en dynameschen Jugend-Coach-Team (JCT) an e Kommitee deen no vir kuckt, mat engem dichtegen Supporterclub an engem gudden Deel treien Supporteren am Rëck. D’Ambiance am Veräin as ganz gudd a mär sin zouversichtlech fir d’Zukunft. Op www.bielesermusek.lu fënnt de Lieser nach weider Donné’en a Photo’en iwer eis Musek.

 

Fir de Kommitee vun der Bieleser Musek asbl am Joer 2008:


Marco Goelhausen Vize-Präsident

bottom of page